Bienvenue sur les Clubnews du D.T. Echternach
FOASICHT ZU EECHTERNOACH
11. Februar 2010
(Pudel + Steak-House)
Gewenner vun der Tombola
Prais
|
Nummer
|
| 1. 1 Weekend gastronomique fir 2 Persounen (HOTEL EDEN AU LAC) |
n° 748 |
| 2. 1 Bong vun 250 € (VOYAGES BOLLIG) |
n° 428 |
| 3. 2 Menus gastronomiques (HOTEL GRAND HOTEL) |
n° 818 |
| 4. 1 Hâm (BOUCHERIE PETRY) |
n° 628 |
| 5. 1 Corbeille (RESTAURANT LA GRAPPE D’OR) |
n° 002 |
| 6. 1 Bong Solarium (SALON VOTRE BEAUTE) |
n° 721 |
| 7. 1 Bong (HOTEL-RESTAURANT GRUBER) |
n° 391 |
| 8. 1 Corbeille |
n° 236 |
| 9. 1 Bong (RESTAURANT NONNEMILLEN) |
n° 608 |
| 10. 1 Fläsch Grand-Marnier |
n° 927 |
| 11. 1 Bong (DECKER MODES) |
n° 314 |
| 12. 1 Bong (RESTAURANT NONNEMILLEN) |
n° 171 |
| 13. 1 Bong (PIZZERIA GIORGIO) |
n° 493 |
| 14. 1 Bong (GARAGE JEAN SCHALZ) |
n° 169 |
| 15. 1 Lampadaire (ELECTRICITE F. WAGNER) |
n° 291 |
| 16. 1 Corbeille |
n° 240 |
| 17. 1 Corbeille |
n° 896 |
| 18. 1 Fläsch Urziger Wain + Zosiss |
n° 500 |
D’Gewënner kënnen bis Mettwochs, den 15. März 2010 ofgeholl gin.
(Tel: 72 99 78 nomëttes)
06.12.09
Beim GP FLTT zu Bascharage gëtt den Traian Ciociu den 3. an de Mirko Habel kënnt bis an 1/4 Finallen. De Laurent Boden gouf an der Qualifikatioun Gruppenzweeten.
01.12.09
Coupe de Luxembourg: An den Halleffinallen vun der Coupe de Luxembourg klappt den DTE Diddeleng mat 5-2 a steet domadder an der Finall. Dës gëtt Samsdes, den 12. Dezember ëm 19h30 zu Rued géint Ettelbréck gespillt! Also, avis aux amateurs!
29.11.09
BDO TT League: Am Spëtzematch vum 7. Spilldag gewënnt den DTE mat 8-5 géint den Tabelleleader Ettelbréck an ass domadder no der Hironn zesummen mam Houwald Tabellenéischten!
22.11.09
BDO TT League: Am Spëtzematch vum 6. Spilldag gewënnt den DTE mat 8-5 géint Diddeleng a bleiwt domadder virum leschte Spilldag vun der Hironn op der 2. Tabelleplaz!
15.11.09
Beim Turnéier zu Jonglënster gëtt de Laurent Boden an der Haaptkategorie A/B0 den 3.
14.11.09
BDO TT League: Den DTE gewënnt mat 8-2 géint d'Union Lëtzebuerg a bleiwt domadder op der 2. Tabelleplaz!
11.11.09
An der European Nations League gewënnt Lëtzebuerg (Ciociu, Michely, Bast, Kill) mat 3-2 géint Lettland. Den Traian Ciociu, de Gilles Michely an den Dubbel Michely/Bast hunn d'Punkten fir Lëtzebuerg gemat.
10.11.09
Coupe de Luxembourg : An de 1/4 Finallen gewënnt den DTE mat 5-1 géint Guedber/Lënster!
08.11.09
BDO TT League: Den DTE gewënnt säin 4. Match mat 8-2 géint Bascharage a klëmmt domadder op déi 2. Tabelleplaz!
07.11.09
BDO TT League: Den DTE gewënnt säin 3. Match mat 8-1 géint Zolwer!
30.10.09
Beim Nuetstournoi vum D.T. Hueschtert/Foulscht kënnt de Laurent Boden an der Kategorie Open Handicap bis an 1/2 Finallen an an der Kategorie A/B Handicap bis an d'Finall!
24.10.09
BDO TT League: Den DTE gewënnt säin 2. Match mat 8-3 géint Recken!
17.10.09
BDO TT League: Den DTE verléiert säin 1. Championnatsmatch mat 3-8 géint den Houwald.
13.10.09
An den 1/8 Finallen vun der Coupe de Luxembourg wënnt den DTE mat 5-1 géint Bissen a kann domadder e gelongenen Saisonoptakt verzeechnen!
11.10.09
Beim FLTT-Grand-Prix Turnéier zu Hesper gëtt den Traian Ciociu den Zweeten an de Mirko Habel a Laurent Boden kommen alle béid bis an 1/8 Finallen.
10.10.09
Beim "Ladys and Girls Day" zu Hesper ginn eis Dammen an der Besetzung Carole Hartmann, Michèle Rickal an Anne-Caroline Berscheid an der Hironn vun der héchster Klass déi Zweet hannert dem grousse Favorit Bascharage.
05.10.09
Bei de Jeux de la Francophonie kënnt den Traian Ciociu am Eenzel bis an 1/4 Finallen. Am Dubbel-Mixed kënnt hien mam Simone Haan bis an 1/8 Finallen a par équipe kommen Ciociu/Haan bis an 1/4 Finallen.
18.09.09
Op den Europameeschterschaften zu Stuttgart spillt den Traian Ciociu grouss op an dréit wesentlech dozou bäi, dat d'Lëtzebuerger Hären an eng héiher Divisioun opsteigen. Am Eenzel konnt hien och eng Ronn weiderkommen, éier hien géint den europäeschen Topspiller Robert Gardos verluer huet. Ze bemierken bleift och déi gudd Leeschtung vun de Lëtzebuerger Dammen, déi och opsteigen an elo bei der nächster EM ënnert denen 16 beschten europäeschen Equipen spillen!
12.09.09
Beim Turnéier zu Berbuerg kënnt de Laurent Boden an der Haaptkategorie op déi gudden 3. Plaz!
31.08.09
ETTU Cup: Den DTE muss sech trotz gudder Géigewier mat Plaz 5 an déer staark besatener Grupp zefridde ginn.
18.07.09
ETTU Cup: Den DTE spillt am Kader vum ETTU Cup den 28. an 29. August zu Sabadell (Spuenien/Provënz Barcelona) an enger Fennëfergrupp, woubäi sech dräi Equipen fir di zweet Ronn qualifizéiren.
Group 8:
Club Falcons Sabadell (ESP)
DT Echternach (LUX)
Libertas Marinkolor Dubrovnik (HRV)
KST Robot Mokre Lazce (CZE)
TTC "Nord" Donetsk (UKR)
21.06.09
Bei den Europameeschterschaften vun de Veteranen gewënnt den Traian Ciociu am Hären-Dubbel d'Bronzemedaille. Am Eeenzel huet den Traian Ciociu sech fir den Haapttableau qualifizéiert a verléiert do knapp mat 2-3.
07.06.09
Bei de Spiller vun de klénge Länner gewënnt den Traian Ciociu mat der Härenéquipe d'Goldmedaille.
Am Eenzel kënnt den Traian Ciociu bis an 1/4 Finallen. D'Carole Hartmann gewënnt suwuel mat der Equipe wéi och am Dubbel d'Goldmedaille!
27.04.09
Iechternach 3 kann sëch an den Opstiigs-Barragematcher vun der 2. Divisoun als éischt klasséiren a steigt domadder an déi 1. Divisioun!!! Bravo!
19.04.09
Beim Turnéier zu Lënger kënnt de Laurent Boden suwuel an der Kategorie Open Handicap wéi och an der A-Kategorie bis an d'Halleffinallen!
17.04.09
De Mirko Habel vum TV 06 Limbach spillt d'nächst Saison fir den DTE! Hien huet dës Saison an der Regionalliga op Positioun 1 gespillt a komplettéiert eis 1. Equipe fir di nächst Saison!
05.04.09
Finall vum Grand-Prix-FLTT: Den Traian Ciociu kënnt bei dësem héichklasseg besaten Turnéier op déi gudd 4. Plaz!
05.04.09
De Marco Schmitt, deen dës Saison fir Diddeleng gespillt huet, wiesselt bei den DTE.
29.03.09
Beim Turnéier zu Bartréng kënnt de Laurent Boden an der Haaptkategorie A-Open bis an d'Finall.
28.03.09
Résumé vun der Saison 08/09: Déi 1. Equipe huet ët an der BDO TT League ënnert déi véier éischt gepackt, déi 2. Equipe muss leider an d'Promotioun ofsteigen, déi 3. Equipe kann de Barrage ëm den Opstiig an déi 1. Divisioun spillen, déi 4. Equipe huet sech an der 4. Divisioun gehalen an déi 5. Equipe ass leider an di 6. Divisioun ofgestiigen.
15.03.09
BDO TT League: An der zweeter Play-off Halleffinall verléiert den DTE mat 2-7 géint Diddleng. Domadder ass d'Saison 08/09 fir déi éischt Equipe vum DTE eriwwer an insgesamt huet eis éischt Equipe mam Ereechen vum Play-off d'Erwaardungen méi wéi erfëllt!
08.03.09
BDO TT League: An der éischter Play-off Halleffinall verléiert den DTE mat 3-7 géint Diddleng.
Déi 2. Halleffinall ass de nächste Sonnden, den 15. März em 16h zu Diddleng. Also, avis aux amateurs!